Een diplomeierten Erzeier ( w/m/x) - SAJ Mondorf

2025-01-20 | APEMH | Mondorf-les-Bains | L0G | Luxembourg

Perks & Benefits:

Location:
Mondorf-les-Bains
Beschreiwung

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Activités de Jour (SAJ) zu Mondorf, een diploméierten Erzéier (w/m/x), CDD (fir eng Dispense, Congé de maternité, congé parental) Vollzäit - fir direkt oder no Ofsprooch


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.


Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn


Wënschenswäert Ufuerderungen

Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Niveau Première

Find out more jobs in Mondorf-les-Bains, L0G, Luxembourg (LU)

0 Jobs Found

No jobs found.