Ee Charge de direction (m/w/d)

2025-01-06 | elisabeth | Troisvierges | L0D | Luxembourg

Perks & Benefits:

Location:
Troisvierges

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
  • d’Leedung vun der Maison Relais
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Eng hei zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Sozialpädagog (m/w)
  • Eng Beruffserfarung vu 3 Joer a Kenntnisser an der Leedung vun engem Grupp kënne vu Virdeel sinn (Beruffsufänger an enger Leedungspositioun kënne vun internem Coaching profitéieren)
  • Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F). Lëtzebuergesch ass eng Viraussetzung am Ëmgang mat de Kanner an den Elteren. Besonnesch auslännesch Kanner solle jo hei bei eis integréiert ginn an dat geschitt och iwwert d’Sprooch. Si ass eng Basis fir dem Kand säin Erfolleg spéider hei an der Schoul.
  • Gutt Kenntnisser vun der Entwécklung vum Kand, besonnesch am Alter vun 4-12 Joer
  • Kenntnisser an der Pikler-Pädagogik si vu Virdeel
  • Gutt Kenntnisser vum “Nationaler Rahmenplan zur non-formalen Bildung im Kindes- und Jugendalter”
  • Ee gültegen Éischthëllefscours gemaach hunn
  • No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen
  • Gutt Computerkenntnisser (MS-Office); eng ganz Rei vun Dokumenter gi via PC tëschent den eenzele Servicer vun der MR transferéiert.
  • Bereet sinn, Formatiounen am Leedungsberäich ze maachen
  • De Führerschäin Klass B
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Wäertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
  • Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Méiglechkeet u gezielten Weiderbildungen deelzehuelen
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag a gëtt maximal an der Carrièer C6 bezuelt

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Casier judiciaire no 4 a 5
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours

Delai fir d’Kandidatur: 1.2.2025

Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)


Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Directeur SEA:

Michael SCHENK
25 ZAC Klengbousbierg
Bâtiment A
L-7795 Bissen

Tel. +352 450774 - 6026
www.elisabeth.lu

Find out more jobs in Troisvierges, L0D, Luxembourg (LU)