Een Gradueierten Erzeier (w/m/x) - Service ETAP zu Uewerkuer
Perks & Benefits:
Location:
Differange
Beschreiwung
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Niveau Première
D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service ETAP zu Uewerkuer een graduéierten Erzéier (w/m/x) fir een CDD (Dispense + Congé maternité an congé parental) – 30h/ Woch fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, …).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
RESPONSABILITÉITEN
- Individuell Begleedung vu jonken Erwuessenen mat enger intellektueller Beanträchtegung.
- Koordinatioun an Definitioun am Opbau vun engem Projet de vie.
- Evaluatioun vun Besoinen an Koordinatioun vun engem passend Netzwierk.
OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN
D' Kandidate sollen:
Am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn- Iwwert Beruffserfahrung verfügen
- Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- Eegestänneg an organiséiert schaffe kennen
- Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- De Führerschäin Klass B hunn
WENSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN
Erfahrung an der Aarbecht zesumme mat Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Niveau Première